logo
LU FR EN
Search:

 
Core Training / Body-Shape Coursën
 
Informatiounen
 

 

Core Training, Body Shape oder "gym dynamique" sinn Übungen déi et erméiglechen de ganze Kierper ze stäerken, Agilitéit an Ausdauer obzebauen. Virun allem Bauch- a Réckemuskelen, mee och Bizeps, Trizeps a Been, .. alleguer d'Muskelen, déi de Kierper brauch, fir säi Gläichgewiicht ze halen, schaffe wierkungsvoll. D'Coursë bestinn ëmmer aus engem Deel waarm maachen, engem Haaptdeel, wou intensiv geschafft gëtt an dann engem Deel Stretching.

  • D'Coursën sinn ob Lëtzebuergesch 
  • Si ginn gehale vum Marie-Jeanne Christnach
  • si adresséiren sech u jiddereen vu 15 Joër un
  • si sinn an der Sportshal vu Kielen, um Campus vun der Grondschoul, 2, rue Nospelt/rue de la Libération, niewt der Apdikt a Richtung Nouspelt
  • si sinn all Méindes owes vun 18h30 bis 19h30 Auer, ausser an de Schoulvakanzen. 
  • E puer propper Turnschlappe sinn obligatoresche, fir datt de Fouss gudd gehale gëtt.
  • Dir kënnt eppes ze drénke matbréngen.

 
Den éischte Cours vun der Saison fannt Dir an der Rubrik Zäiten & Cotisatioun .