Vum Summer 2012 un organiséiert den DTV ZUMBA®Fitness Coursën, Ee Programm deen Aerobic an Danz Beweegunge matenee verbënnt zu engem dynameschen, liewegen an einfachen Trainingssystem. De Begrënner Beto Perez huet festgestallt, datt dese Programm mat latäinamerikaneschen an interantionale Musiken an Rhytmen (salsa, merengue, cumbia, reggaeton, ...) sech fir jiddereen eegent!
Weider Detailler op Zumba.com
Zumba®Fitness
vun 15 Joer un
Wëllt Dir feieren, fir a Form ze kommen? Ma dann vergiesst steif Übungen a loosst Iech matrappe vun der Musik a beweegt Iech a Form, mat eisem Programm vun Danz-Fitness
D'Zumba® Coursën funktionnéiere mat latäinamerikanescher an internationaler Musek (Salsa, Merengue, Cumbia, Reggaeton, ...) voller Rythmus a Schwong. Nach éier Dir et richteg mierkt, sidd Dir nees a Form an tankt Energie. Kommt kucken, et ass net schwéier, ganz efficace a mécht vill Spaass.
Zumba®Gold / Dance Fitness
vu 15 Joer un, méi Danzen, manner Cardio
Dese Programm, dee liicht matzemaachen ass, erlaabt Iech, Iech an Ärem Rhythmus ze beweegen. Et ass en dynamëschen Danz-Fitness Cours, bei deem Dir am Grupp eng flott a spannend Zäit erlieft. De Programm Zumba®Gold / Dance Fitness proposéiert douce Bewegungen mat einfache Schrëtt fir e gesond an aktivt Liewen.
NEI vum Hierscht 2020 un: STRONG Nation™
vu 15 Joer un
Dest ass eng Combinatioun aus Intervalltraining mat héicher Intensitéit an dem Fun vun der richteger synchroniséierter Musek. Dese Cours vun enger halwer Stonn ass NET GEDANZT.
Fir eng Iddi ze kréie wat iech erwaart, kuckt hei https://strong.zumba.com/fr-FR/profile/tatiana_marques/288350
Zumba®Kids
Dee Cours gëtt leider ab 2020 net méi ugebueden zu Nouspelt.
|
Den éischte an de leschte Cours vun der Saison fannt Dir an der Rubrik
Zäiten & Cotisatioun
.
|
Kuckt och op www.zumba.com an