D'Zumba®Fitness Coursë vum Tatiana Marques (STRONG NationTM an Zumba®Fitness) an Peggy Ford-Octave (Zumba®Gold) sinn all Donneschdes, ausser an de Schoulvakanzen .
De leschte Cours virun der Vakanz war leider schon am Mäerz
Den éischte Cours am Hierscht ass Donneschdes de 24. September 2020.
D'Coursën sinn, je nom Grupp,
E puer propper Turnschlappe sinn obligatoresch, fir datt de Fouss gudd gehale gëtt. Denkt och un Äre Bidong mat Waasser.
Fir STRONG NationTM braucht Dir ausserdem eng Matt fir op de Buedem, en Duch, vill Waasser an eventuell e puer Hänschen (de Buedem zu Nouspelt ass rau)
| Hei kënnt Dir Iech umellen |
Dir kënnt zwee Testcoursë fir näischt matmaachen, dono ass d’Cotisatioun ze iwwerweisen
mam Numm vum Member oder de Memberen a
mat dem Numm vum Cours oder de Coursën
op de Kont vum DTV Kielen Kontosnummer IBAN LU92 0090 0001 6120 9630 bei der Caisse Centrale Raiffeisen CCRALULL (Code BIC)
|
Grupp |
Alter |
Wéini |
Wou |
Cotisatioun (pro Saison) |
|
Dance Fitness / Zumba®Gold
|
15 Joer a méi
|
Donneschdes 9.30-10.30
|
Keespelt
|
A 120 €
B 100 € C 80 € (*) |
|
STRONG NationTM
|
15 Joer a méi
|
Donneschdes
18.45-19.15 |
Nouspelt
|
A 60 €
B 50 € C 40 € (*) |
|
Zumba®Fitness Owes
|
15 Joer a méi
|
Donneschdes
19.30-20.30 |
Nouspelt
|
A 120 €
B 100 € C 80 € (*) |
(*) A (≥18 Joer net Gemeng Kielen) B (≥18 Joer Gemeng Kielen) C € (15-17 Joer)