De Core training / Body-Shape Cours ass zu Kielen, all Méindes owes vun 19h30 bis 20h30 Auer, ausser an de Schoulvakanzen . D'Coursën vum Marie-Jeanne Christnach si fir Sportler vun 15 Joer un.
WOU: an der Sportshal um Campus vun der Kielener Primärschoul, rue de la Libération, niewt der Apdikt a Richtung Nouspelt.
De leschte Cours virun der Vakanz war dest Joer leider schon am Mäerz :-(
Den éischte Cours am Hierscht ass Méindes, de 21. September 2020
|
Hei kënnt Dir Iech
umellen
|
D’Jorescotisatioun ass
50 € fir en Erwuessenen (vun 18 Joer un)
25 € fir e Jugendlechen (vu 15 bis 17 Joer)
Dir kënnt zwee Testcoursë fir näischt matmaachen, dono ass d’Cotisatioun ze iwwerweisen
mam Numm vum Member oder de Memberen a
mat dem Numm vum Cours oder de Coursën
op de Kont vum DTV Kielen Kontosnummer IBAN LU92 0090 0001 6120 9630 bei der Caisse Centrale Raiffeisen CCRALULL (Code BIC)